Home   
   START A PETITION   
   Members Area   
   Featured Petitions   
   Popular Petitions   
   Recent Petitions   
   Just Signed   
   Contact Us   
Petition Categories
   Civil & Human Rights

   Economy & Business

   Education

   Entertainment & Media

   Environment

   Government & Politics

   Health

   Uncategorized

QUICK HELP!
   Browse Petitions

   My Petitions

   Create a Petition

   Articles

   How to write a Petition

   Tips & Techniques

   Why Write Petitions

   Join us NOW

Featured Partners
   Home Mortgage

   $49 Prom Dresses- Bridesmaid Dresses.

   Online Dating

   My Real Match


Lëtzebuergesch schwätze kënne fir eng Aarbechtsgenehmegung ze kréie

Created by Paul Ludig on 24 April 2008 @ 1:30:38 AM

Nodeems d'Lëtzebuerger Sprooch, no der Reform vun 1999, u Bedeitung gewonnen hat an duerch déi néi Medien (Internet, SMS) och nees méi geschriwwe gëtt, war et un der Zäit eis Sproch ze revaloriséieren.

D'Lëtzbuerger Sprooch ass eng vun den Haaptkonditioune gi fir kënnen duebel Nationalitéit ze kréien. Et ass och e Cours op der Uni Lëtzebuerg agefouert ginn, fir Leit déi spéider wëlle Lëtzebuergesch ënnerriichten. Wat awer nach feelt, ass d'Lëtzebuergescht am Aarbechtalldag anzeféieren.

Während et am Alldag nëmme lästeg ass, iwwerall mussen an enger Friemsprooch a sengem Land mussen ze schwätzen, ginn et Situatiounen an deenen et souguer negativ Konsequenze kann hunn, ech dengen hei un enger Visite an der Klinik, wou ee schonns gestresst ass a sech dann nach muss ploe säi Problem an enger Friemsprooch ze erklären, oder eng Ënerriedung mat engem Handwierker wou et em technesch Froe geet, etc...

Net ze vergiessen, all déi Leit, déi Ufank der 30er Joere gebuer goufen, während hirer Schoulzäit, duerch de Krich, joerelaang kee Franséisch haten a mat 14 Joer schaffe gaange sinn, déi Leit doe sech schwéier wann se musse Franséisch schwätzen.

Ass et falsch ze verlaangen, dass wann een akafe geet, een dat a senger Mammesprooch ka maachen?

Ech schloe fir dass jiddwereen, deen zukënfteg zu Lëtzebuerg schafft, Lëtzebuergesch muss kennen.

Leider kann een et net retroaktiv maache fir déi Leit déi schonns hei schaffen, dëst aus logistesche Grënn. Mir kënnen awer soen dass an Zukunft ee muss dee selwechte sproolechen Niveau (A2) muss hunn, wéi dat verlaangt ass fir kënnen duebel Nationalitéit ze kréien.

Heifir misst eng Schoul gegrënnt ginn, mat ca. 50 Säll, wou een eis Sprooch kinnt léieren, dat ganzt kinnt z.B. ënnert der Leedung vum "Centre de Langues" gemaacht ginn. Well een zu Lëtzebuerg schaffen, muss ee fir d'éischt während 1 Joer, 6 Stonnen d'Woch Lëtzebuergesch léieren.

Et ass mer wuel bewosst dass, et 10 bis 20 Joeren dauere giff, ier een dobaussen den Effekt mierkt, mee wa mer näischt maachen, gëtt et nëmme méi schlëmm.

Mat dëser Petitioun verlaange mer vun eise Politiker e Projet de loi auszeschaffen, deen dorop baséiert ass den Aarbechtssichenden dozou unzehale Lëtzebuergesch ze léieren, him awer och Méiglechkeet gëtt dat esou séier an esou gutt wéi méiglech kënnen ze maachen.

Ech soen Iech Merci, a bieden Iech des Informatioune weider ze ginn.

Pol LUDIG
Mënjecker

P.S. Dat léien ass eng Petitiounslëscht déi sech op enger englesch sproochlecher Säit befënnt, dofir si verschidde Saachen op Englesch. Leider sinn ech net esou gutt an der Informatik, dass ech selwer esou ee Script hätt kinnte programméieren.


Added On (2008-04-28):

Ech wollt nëmmen nach eng Kéier widderhuelen, dass dëst Gesetz keng Auswierkungen hätt op eis Ekonomie a schons guer net Frontalieren giff betreffen déi am Moment zu Lëtzebuerg schaffen. Dat Gesetz giff fir déi Leit gëllen, déi an Zukunft bei eis schaffe wëllen.
Dat nëmmen, well ech Maile kruut wéi dës: "...da kënne mer direkt Dieren zou maachen, well mer da muer 100.000 Aarbechtkräfte manner hätten."
Ech bieden déi kritesch Leit, w.e.g. liest den Text genau!

Merci villmols


<< Previous | All Categories | Next >>

Invite Your Contacts to Support This Petition


Last 30 featured petitions will be published on the homepage, and remaining on the featured petitions section. They will get maximum exposure and receive signatures quickly. Promote this petitions to featured petition area with Paypal.

Two WeekPay $5.99
Three WeeksPay $8.99
Five WeeksPay $12.99
2 MonthPay $19.99
4 MonthsPay $25.99

Petition Signatures

662Diane Hirtz
661Jean-Claude Hirtz
660peporte jacquesroude leiw huel se !!
659De Bondt Ben
658Traufler Nadine
657rota marcel
656Mireille
655SCHON PAUL
654Wagner D.
653Delstanche
652Feiereisen
651Jean-Claude Gindt
650FLICK JEAN CLAUDE
649Thein Chantald\'sprooch ass daat wichtegst an daat bescht mëttel vir d\'integratioun ze förderen
648Pletsch Claude
647Tholl JosianeEch sin derfir dass Letzebuergesch geschwaat get
646EHLINGER Jean PierreDës Petitioun ass emol eng nëtzlech. Fir dat mir eis och kënne Doheem villen mat enger eegener Sprooch déi ais zousteet.
645Roby
644LANGERS AlphonseEch hoffen et ass nach net zespéit.
643Sandyjo ech well !!!
642rolandnei leite an der regirungedat wir gute
641Hoffmann DanielEt geng baal zäit gin :-)
640Botzem JacquesËt wier mol un deenen Aaneren sëch ëmzëstellen, schliesslëch schwätzt och keen Lëtzëbuergësch mat ons am Äusland
639Treinen Georgeseng gudd idie
638Beck Simon
637Kalny Christian
636Klein B
635Adler Joel
634Chantal BouchéEch ennerstetzen dat 100% ... wann ech an d\'Ausland gin muss ech mech och der Sprooch vum Land upassen
633ADLER Christiane

Petition Details

Target: Chambre des Députés
Category: Civil & Human Rights

Total Signatures: 662
Signatures Goal: as many as possible

Sign this Petition



   Name:

   Email:

   (Your email will stay hidden.)

   Remember Me:

   I Support This:

   Comments:

   

   
   






PETITION FORUM | MONTHLY CONTEST | NEWS | CONTACT US | TERMS OF SERVICES | DIRECTORY

All rights reserved to Petition Spot. All other trademarks appearing on this site are the property of their respective owners. We do not endorse contents submitted by our users. We are not affiliated with any 3rd party trademark material in any way. Thona Network directs full legal responsibility of contents to their respective owners/users. Thona Network is not responsible for the contents of any uploaded files,images, and other web contents, nor is it affiliated with entities represented in the uploaded files.

Copyright and Intellectual Property Policy. 2006 Petitionspot.com

eXTReMe Tracker